Zu wéi engem Thema hutt Dir eng Fro?
Allgemeng Informatiounen
Produiten
a Rotschléi
Planning an Installatioun
Garantie, Service a Reparatur
Allgemeng Informatiounen
Jo, mir bidden eis Servicer souwuel an alen wéi an neie Gebaier un.
Mir wësse wéi ustrengend et ka sinn sech en ëmfaassenden Iwwerbléck iwwert all d’Méiglechkeete vu Subsiden ze schafen. Dowéinst bidde mir och Berodung zum Thema Subventiounen un.
Produiten a Rotschléi
Baséierend op den Informatiounen déi Dir eis ugitt, kenne mir Iech een Devis fir Ären individuelle System proposéieren. Bei Froen oder Wënsch kenn Dir eis gären kontaktéieren fir Äre Projet méi am Detail diskutéiere ze kënnen an de System no Äre Wënsch ze personaliséieren. Wann Dir dann un eiser Offer interesséiert sidd, kenn Dir des entweder online ënnerschreiwen an een Techniker oder Ingenieur kennt bei Iech laanscht fir Äert Haus oder Är Wunneng ze inspizéieren, oder mir kennen een rendez-vous ausmaachen fir weider Froen ze klären.
Mir beäntweren Är Ufro an der Reegel bannent 3 Aarbechtsdeeg.
Jo natierlech. Eis Clientsberoder sinn wärend den Wochendeeg vun 8h-18h fir Iech disponibel. Dir kënnt eis och e Message iwwer eise Kontaktformular schécken, a mir kommen sou séier wéi méiglech op Iech zréck.
Am Moment bidde mir nach keng “Wärmepumpen” un. Dat wäerte mir warscheinlech ab nächstem Joer maachen.
Fir datt eis Ingenieuren Äre System plange kennen, misst Dir einfach online en Devis iwwer eise Formulaire ufroen an déi néideg Biller eroplueden. Sollt ären Dossier net komplett sinn, ruffe mir Iech fir weider Informatioun un oder evaluéieren d’Situatioun op Ärem Site.
Mir bidden monokristallin Solarpanneauen un. Si gi mat modernster Technologie hiergestallt. Kuckt eis Panneauen hei.
Den Tarif d’injection (Einspeisetarif) gëtt baséierend op der installéierter Leeschtung bestëmmt. Déi gëtt normalerweis a Kilowatt-Peak (kWp) ausgedréckt. Den Tarif d’injection gëtt fir 15 Joer fixéiert a baséiert um Joer vun der Inbetriebnahm. Eng Iwwersiicht vun allen Tariffer zu Lëtzebuerg fannt Dir op dëser Säit.
Weider Informatioune fannt Dir hei.
Planning an Installatioun
All Systemer ginn vun eisen erfuerene Ingenieuren geplangt. Dir kënnt Iech sécher sinn datt en optimaalt Resultat erreecht gëtt.
D’Installatioun gëtt séier a professionell vun eis selwer duerchgefouert. Mir sti fir Qualitéit, déi mir mat ausgebiltem Personal garantéieren. D’Ingenieure suergen dofir datt de Montage optimal ofleeft an de System optimal funktionéiert.
Jo, eng Rei vun eise Bornë sinn entworf gi fir entweder dobannen oder dobaussen installéiert ze ginn.
Nee, eis Bornen si kompatibel mat all Elektro-Auto.
Garantie, Service a Reparatur
Mir kommen direkt ob Iech zréck. A ville Fäll kënnen d’Feeler schonn iwwer Telefon geléist ginn. Wann dat net de Fall ass, kënne mir intern Handwierker bei Iech heem schécken, fir datt de Problem op der Plaz geléist gëtt.
Dir kënnt eis direkt mat enger Feelfunktioun vun Ärem System kontaktéieren. Zesumme mam Hiersteller siche mir de Feeler a fannen ee passenden Ersatz.
Dëst hänkt vun de Marken a Produkter of, déi an Ärem System benotzt ginn.
D’Garantiebestëmmungen hänke vum Hiersteller a senge Produiten of. Mir informéieren Iech iwwer d’Garantiebestëmmunge vun Ärer individueller Installatioun.
Normalerweis brauche Solarpanneauen net vill Maintenance, eng gutt Botz an Iwwerwaachung vun dem System si genuch fir Problemer ze vermeiden an z’entdecken. Botzen, zum Beispill, kann all 4 bis 5 Joer gemaach ginn ofhängeg dovunner wéi dreckeg Är Installatioun ass. Eng gutt Spull mat entmineraliséiertem Waasser geet an deene meeschte Fäll schonn duer.