Photovoltaik a Lëtzebuerg
Fir all Daach
Mir wielen déi bescht Moduler fir Iech aus, jee no Präis, Leeschtung an Design


Karéiert
Déi monokristallin PERC Siliziumzell mat enger Leeschtung vun 370-380 Watt beandrockt mat senger héijer Effizienz a gläichzäiteg engem attraktive Präis.
- Top Präis-Leeschtung
- Niddereg Verloschter bäi deelweisem Schiet
- 12 Joer Viessmann Produktgarantie
- däitschen Hiersteller
Leeschtungsgarantie: Min 80% linear no 25 Joer


Gesträift
De 400-410 Watt Modul vu Viessmann ass ideal fir kleng Daachfläche wéinst senger héijer Leeschtung. Duerch d'PERC Technologie ass de Modul ganz effizient a kann héich Leeschtung och am Schiet ubidden.
- Héich Leeschtung bei klenger Gréisst
- Besonnesch korrosionsbestänneg
- 12 Joer Viessmann Produktgarantie
- däitschen Hiersteller
Leeschtungsgarantie: Min 80% linear no 25 Joer


Schwaarz
De schwaarze Modul huet eng komplett schwaarz Iwwerfläch a passt doduerch zu all Daach. Zousätzlech ass dëse Modul immens resistent géint Wiedereffekter an ass doduerch besonnesch haltbar.
- Black design
- Low degradation
- 12 Joer Viessmann Produktgarantie
- däitschen Hiersteller
Leeschtungsgarantie: Min 80% linear no 25 Joer

Äre System ëmmer am An - doheem an ënnerwee
Mat engem Iwwerwaachungssystem kënnt Dir Är Ariichtung vun iwwerall am An behalen. Dir kënnt Är Produktioun an enger Live View verfollegen, verschidde Periode matenee vergläichen an Äre System iwwerwaachen.
ANER PRODUKTER
Kombinéiert Äre System mat enger Späicherunitéit an enger Wallbox

Mat engem Stroumspäicher kënnt Dir Är Solarenergie späichere fir se spéider ze benotzen. Sou kënnt Dir jidderzäit Ären eegene Stroum benotzen. Dëst spuert Stroumkäschten a schützt d’Ëmwelt. Wann Dir och eng Borne installéiert, kënnt Dir Ären Elektroauto zu all Moment mat Solarenergie oplueden.

Dir sidd nach net decidéiert?
Kee Problem.Äre Clientsberoder beréit Iech gären iwwert eng méiglech Offer.
Wéi leeft dat ganzt of?

1. KONFIGURATIOUN
Benotzt eisen Online Konfigurator a schéckt eis e puer Schlësseldaten, Fotoen an Är Konsumsituatioun. Mir maachen Iech dann eng Offer fir e gëeegent System a rechnen Iech aus, wat Dir déi nächst Joren viraussiichtlech un Stroumkäschte spuert.

2. BERODUNG & PLANNING
An engem onverbindleche Gespréich kläre mir ob eng Photovoltaikanlag fir Iech eng sënnvoll Léisung ass an beäntweren Är Froen. Dono kennen eis Ingenieuren Är eegen Anlag fir Iech plangen.

3. INSTALLATION
Mir liwweren d'Hardware bei Iech heem an installéieren de System bannent zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Dono kritt Dir detailléiert Instruktioune fir Är nei Anlag.

Using our online configurator, send us online some key data, photos, and your consumption situation. We will then provide a price estimate for a suitable system and calculate your expected electricity cost savings for the coming years.

In a non-binding conversation, we will clarify whether a photovoltaic system is a sensible solution for you and answer your questions. Our engineers then plan your very own energy system.

We deliver the hardware to your home and install the system within two to three working days. Finally, you will receive detailed instructions for your new system.