DÉI PASSEND BORNE FIR
ALL ELEKTRO-AUTO
Ofhängeg vun der Gréisst vun Ärem Photovoltaiksystem an Ärem Budget, gi verschidde Wallboxen recommandéiert.


Mennekes Amtron Compact
Dës Borne gëtt aktuell nëmme separat ouni Solaranlag installéiert.
- Héich Qualitéit a funktionellen Design
- 4 LED Status Display
- Och an intelligenter Versioun fir Méifamilljenhaiser gëeegent
- Intelligent verbonne mat Ärer eegener App
- Kann dobannen an dobausse benotzt ginn
- Made in Germany


Fronius Wattpilot
Dës Borne ass kompatibel mat eise Solarsystemer.
- Wiel tëscht zwee verschiddene Lademodi: den Eco an Next Trip Modus
- Praktesche LED-Ladestatus
- Optional Spärung vum Ladekabel
- Intelligent verbonne mat Ärer eegener App
- Kann dobannen an dobausse benotzt ginn
- Made in Austria
Notéiert w.e.g. datt mir och aner Borne proposéiere kënnen, déi op Är individuell Bedierfnesser ugepasst sinn.
Donieft sinn verschidden Wallboxen net ëmmer zur Verfügung.
Wéi leeft dat ganzt of?

1. KONFIGURATIOUN
Benotzt eisen Online Konfigurator a schéckt eis e puer Schlësseldaten, Fotoen an Är Konsumsituatioun. Mir maachen Iech dann eng Offer fir e gëeegent System a rechnen Iech aus, wat Dir déi nächst Joren viraussiichtlech un Stroumkäschte spuert.

2. BERODUNG & PLANNING
An engem onverbindleche Gespréich kläre mir ob eng Photovoltaikanlag fir Iech eng sënnvoll Léisung ass an beäntweren Är Froen. Dono kennen eis Ingenieuren Är eegen Anlag fir Iech plangen.

3. INSTALLATIOUN
Mir liwweren d'Hardware bei Iech heem an installéieren de System bannent zwee bis dräi Aarbechtsdeeg. Dono kritt Dir detailléiert Instruktioune fir Är nei Anlag.


